Kannerbehandlungen

Kannerzännmedezin

Och fir déi Kléng ass ee reegelméissege Besuch beim Zänndokter onerléislech.
Gesond Mëllechzänn si wichteg fir d’Entwécklung vum Kand – si hëllefen bei der Ernierung, sinn eng Ënnerstëtzung bei der Sprooch an der Aussprooch a si virun allem vu grousser Bedeitung fir Plaz ze halen fir déi zweet an definitiv Zänn. Fir datt Äert Kand sech beim Zänndokter wuelfillt, ass et sënnvoll, méiglechst fréi mat Kontrollen unzefänken – laang éier d’Kand Zännwéi oder Karies kritt an et dann muss behandelt ginn. Nëmmen esou kënne mir déi éischt Kontrollen angeneem a kandgerecht gestalten an d’Angscht virum Zänndokter emol guer net opkomme loossen.

Rendez-vous huelen