Implantologie, Oralchirurgie

Implantater

Implantater si kënschtlech Zännwuerzelen aus biologesch verträglechem Titan, déi an de Kiferknachen ubruecht ginn. Doduerch kënnen feelend Zänn ersat ginn, ouni Beschläife vun Niewenzänn.
Implantater kënnen souwuel eenzel Krounen droen an domat Eenzelzännlücken ersetzen, wéi och méi grouss Lücken, mat Hëllef vun implantatgedroene Brécken, versuergen. Och Protheese kënnen un Implantater befestegt ginn an doduerch den Halt an den Drokomfort wesentlech verbesseren.
Sie stellen eng vun deenen modernsten Behandlungsmethoden duer a sinn an der Zännmedezin net méi ewechzedenken. Och héijen ästheteschen Uspréch kann een, Dank den Implantater, gerecht ginn. Sterilt a präziist chirurgescht Virgoen, souwéi déi néideg Erfarung, si Viraussetzungen fir eng erfollegräich Implantatioun.

Oralchirurgie

All operativ Agrëffer, ob einfach oder komplex, kënnen an eiser Praxis duerchgefouert ginn.
Niewent Patienten ouni gesondheetlech Virgeschicht, kënnen och Risikopatienten wéi och Angschtpatienten duerch onse spezialiséierten Zänndokter fir Oralchirurgie, betreit ginn. En „Fachzahnarzt für Oralchirurgie“ huet no der Approbatioun op mannst eng 4-järeg Weiderbildung (haaptberufflech) erfollegräich ofgeschloss. Oralchirurgen hunn am Beräich vun der Kiferchirurgie een héich spezialiséiert Fachwëssen an eng zousätzlech Erfarung.
Oralchirurgesch Leeschtungen:
• Implantologie
• Operativ Zänn- a Wäisheetszänn Extraktioun
• Wuerzelspëtzt-Resektioun
• Fräileeung vun verlagerten Zänn fir kiferorthopädesch Astellung
• Augmentatiounen, Sinus Lift, Bone Split
• Chirurgesch Krouneverlängerung
• Diagnose an Ewechmaache vun Zysten a Geweebeverännerungen