Endodontologie, Parodontologie

Endodontologie

Mat enger korrekt duerchgefouerter Wuerzelkanalbehandlung kann een d’Zéie vun engem Zant vermeiden. D’Endodontologie ëmfaasst d’Therapie vum entzünten, oder schonn ofgestuerwenem Nerv am Wuerzelkanal vum Zant. Mat Hëllef vu modernster Methoden a Matièren, kann duerch desinfizéieren, an uschléissender, dichter Opfëllung vum Kanal, den Zant meeschtens iwwer e puer Joerzéngten, erhale bleiwen. Mir leeën, niewent der Qualitéit vun der Duerchféierung, virun allem Wäert op eng méiglechst péngfräi Behandlung.

Parodontologie

D’Parodontologie ëmfaasst d’Erkrankungen vum Apparat deen d’Zänn hält. Dëse besteet aus dem Zännfleesch, dem Wuerzelzement an dem Kiferknachen. Zu de méiglechen Symptomer vun engem parodontologeschem Problem gehéieren Zännfleeschbludden, Zännfleeschschwellung a – rötung bis hin zu Zännfleeschréckgang- a Knacheréckgang, Zännlockerung an Zännverloscht. Mondgeroch kann och een Unzeechen heifir sinn. Eng onbehandelt Parodontitis kann och Auswierkungen op den allgemengen Gesondheetszoustand hunn a sollt dofir och net onbehandelt bleiwen. Duerch eng ugepassten Therapie, ugefaangen mat Mondhygiènes-Instruktiounen, kritt een de Problem an de Grëff.