Präventioun, Ästhetik, Veneers, Bleaching

Zahnerhalt

Den Zahnerhalt steet bei eis am Virdergrond.
Reegelméisseg Kontrollen a professionellt Zännrengegen si fir eng optimal Virsuerg a Mondgesondheet onerléislech.
Bei der Zännrengegung gi Beleeg, Zännsteen a Verfierwungen a schwéier zougängleche Beräicher ewechgemaach. Dëst ass eng effizient a schounend Manéier, är Zänn op Dauer ze fleegen an ze erhalen.

Ästhetik

Ee schéint a gesond Laachen huet ee ganz staarken Afloss op dat perséinlecht Wuelbefannen.

Veneers

Verfierfte Fëllungen, Lücken, ofgebrachen, ofgenotzten oder liicht schif stoend Vieschtzänn esou wéi och Defekter am Schmelz, kënne meeschtens problemlos, mat Hëllef vu Veneers, behandelt ginn. Heibäi handelt et sech em hauchdënn Keramikschuelen, déi, meeschtens esouguer ouni Uschläifen, op d’Zänn gepecht ginn. Esou kann een d’Form, d’Faarf an d’Positioun vun ären Zänn verschéineren.

Bleaching

De Bleaching stellt eng schounend Zännophellung duer. Eng Berodung am Virfeld souwéi eng Zännrengegung si primordial. Fir een optimaalt a gläichméissegt Resultat ze kréien, mussen emol fir d’éischt all Beleeg a Verfierwungen ewech gemaach ginn. Mir benotzen an onser Praxis dat sougenanntend „Home-Bleaching“, mat Hëllef vu Schinnen. Des Method huet sech als besonnesch schounend, effizient a laangunhalend, erwisen.

Rendez-vous huelen